Eis Geschicht

2017 grënnen d’Annick Sinner an d’Nadine Kauffmann den Duo Toile Si-Re, fir déi grouss Lëtzebuerger Klassiker a Form vun engem musikalesche Figurentheater op d’Bün ze bréngen. Déi éischt Produktioune sinn De Wëllefchen an de Fiisschen vum Dicks, gefollegt vun D’Maus Kätti vum Auguste Liesch.

Vun 2020 u entwéckelt den Duo mat der Serie Semplice – Back to Basics eng nei kënschtleresch Form ouni Sprooch, an där Bild a Musek gläichberechtegt matenee dialogéieren. Den éischte Projet, Lice & Semp, ass e live gezeechente Concert mat originaler Musek. Mat Tolo & Scoia féiert den Duo dës Aarbecht weider a verbënnt Figurentheater, Zeechnung, Pabeier a Musek zu enger gemeinsamer kënschtlerescher Sprooch.

Den Numm Toile Si-Re verbënnt schonn am Wuert dat, wat den Duo ausmécht. Dem Annick seng Molerei, Illustratioun a Szenografie treffen op dem Nadine seng Musek, déi si fir all Kreatioun nei entwéckelt, komponéiert a live interpretéiert.

Zënter senger Grënnung huet Toile Si-Re mat senge Produktioune méi wéi 150 Virstellunge gespillt – a Kulturhaiser an Theateren, bei Familljen- a Schoulvirstellungen, an Altersheemer an och fir Kanner à besoins spécifiques. All d’Produktioune bleiwen am Repertoire a kënnen zu all Moment nees programméiert ginn. Sou entsteet iwwer d’Joren eng Sammlung vun zäitlose Spektakelen, déi dofir geduecht sinn, ëmmer nees nei Generatioune vu Kanner an Erwuessenen ze begeeschteren.

Eis Projeten

Agenda

25.10.2026 Tolo & Scoia 10:30 | Première, Kulturhaus Niederanven

22.10.2026 Tolo & Scoia 09:00+10:30 | Schoulvirstellungen KHN

23.10.2026 Tolo & Scoia 09:00+10:30 | Schoulvirstellungen KHN

29.10.2026 Tolo & Scoia 09:00+10:30 | Schoulvirstellungen KHN

30.10.2026 Tolo & Scoia 09:00+10:30 | Schoulvirstellungen KHN

13.11.2026 Tolo & Scoia 09:00+11.00+14.30 | Schoulvirstellungen, Prabbeli Woltz